1:1 Online Coaching fir Frae
mat kierperlechen Aschränkungen a Péng.
Ech hëllefen dir, nei Weeër a Méiglechkeeten ze schafen, fir dass du däi Liewen erëm genéissen an däin Alldag aktiv gestalte kanns – och mat gesondheetlechen Erausfuerderungen. Zesumme fanne mir deng individuell Léisungen, déi méi Liichtegkeet a Wuelbefannen an däi Liewe bréngen.
Wann op eemol alles anescht ass...
Du has Pläng, Zieler an e Liewen, dat sech gutt ugefillt huet.
Dunn koum déi gesondheetlech Verännerung – déi alles op ob d´Kopp gestallt huet.
Beschwerden sinn zu permanente Begleeder ginn.
Däin Kierper huet sech verännert – du fills dech net méi wuel an denger Haut.
Saachen, déi virdrun einfach waren – fillen sech elo schwéier un.
Du hues Gefill et geet net virun, du bass midd a fills dech gefaangen an der Situatioun.
Du wënschs dir eng Verännerung...
Méi Liichtegkeet am Alldag – trotz kierperlecher Aschränkung.
Dech wuel fillen an dengem Kierper a mat denger Situatioun, an däers de dech befënns.
Erëm Deel vum Liewe sinn: Hobbyen, Frënn a Famill genéissen.
E Liewen, wéi's du der er wënschs – selwerbestëmmend a fräi.
Deng Dreem liewen a ganz du selwer sinn.
Hëllefsmëttel als Ënnerstëtzung gesinn a net als Belaaschtung.
Méi geloosse mat dengen Erausfuerderungen ëmgoen.
D'Zigelen erëm fest an d'Hand huelen a mat frëschem Bléck, nei Perspektive fannen.
Vläicht erkenn's de dech an dësen Zeilen erëm.
Vläicht fills de genau dat, Dag fir Dag.
An genau dofir ass et esou wichteg ze wëssen:
Du muss do net eleng duerch!
Du bass an enger onheemlech schwéierer Situatioun, déi's de dir esou ni erausgesicht häss.
Du bass dovun iwwerrannt ginn an du häss dir ni kenne virstellen, dass d'Liewen sech esou kéint dréinen.
Mee du muss dës Lascht net eleng droen.
Et ass keen Zeeche vu Schwächt, Hëllef unzehuelen.
Am Géigendeel: Et weist Courage an ënnerlech Kraaft, wann's de dech decidéiers, Ënnerstëtzung unzehuelen an dir selwer eppes Guddes ze doen.
Et goung mir och esou…
Ech weess dat, well ech dëse Wee selwer gaange sinn.
Ech weess, wéi et sech ufillt, wann deen eegene Kierper zu enger Erausfuerderung gëtt – tëschent Péng, Onsécherheet an dem Wonsch, net opzeginn. A genee dofir sinn ech dëse Wee gaangen – Schrëtt fir Schrëtt – zeréck zu mir selwer.
Genee dofir ass et mir haut eng Häerzenssaach, aner Mënschen op hirem Wee ze begleeden – besonnesch dann, wann d'Liewen duerch eng gesondheetlech Verännerung komplett op de Kapp gestallt gouf.
Meng Begleedung ass besonnesch wäertvoll, wann's de …
… en Accident has.
... eng méi grouss Verletzung erlieft hues.
… mat enger Krankheet konfrontéiert bass.
… end Operatioun hannert der hues an dech an der Reha- oder Heelungsphase befënns, wou d'Erausfuerderunge vum Alldag sech weisen.
Wat d’Fraen, déi ech begleeden, soen:
Ech si fir dech do mat …
Emotionaler a mentaler Ënnerstëtzung,
wéi zum Beispill bei der Veraarbechtung vun der neier Situatioun; dem Ëmgang mat Angscht an Onsécherheeten; dem Ëmgang mat Beweegungsaschränkungen awer och chroneschen oder akute Krankheeten...
Begleedung bei der Ëmstrukturéierung vum Alldag,
wéi zum Beispill praktesch Upassungen am Alldag; Strukturéierung vun engem neien Dagesoflaf, deen d'Grenze respektéiert; de Wee zréck an d'Beruffsliewe fannen…
Stäerkung vum Kierperbewosstsinn an der Fokusséierung op däin eegent Wuel,
wéi zum Beispill eng nei Verbindung zum Kierper opbauen; Ressourcë stäerken...
Sou kanns de mat mir zesummeschaffen:
An engem gratis, onverbindlechen éischte kuerze Gespréich léiere mir eis kennen, a kucken zesummen, ob a wéi ech dech am beschten ënnerstëtze kann.
Oflaf & Dauer vun der Begleedung:
D'Aart a Weis, wéi mir zesummeschaffen, an d'Dauer vun denger Begleedung ginn individuell un deng Themen an deng Besoinen ugepasst. Du kanns tëscht Eenzelsessiounen oder enger méi laangfristeger Zesummenaarbecht wielen.
Bei konkrete, punktuellen Erausfuerderunge sinn 3–4 Sessiounen dacks genuch. Wann s du dir awer eng déifgräifend a nohalteg Verännerung an denger Liewenssituatioun wënschs, recommandéieren ech eng Begleedung vun 1 bis 3 Méint.
Nom éischte Gespréich kriss de vu mir eng perséinlechen Offer, ugepasst un deng Situatioun. D'Terminer fir deng ganz Begleedung plange mir am Viraus – an da geet et och scho lass. An der éischter Sessioun tauche mir zesummen an däin Thema an a ginn déi éischt wichteg Schrëtt.
Sprooch: Ech bidde meng Begleedungen a Coachings op Lëtzebuergesch oder Däitsch un – esou wéi et fir dech am beschte passt.
Fir dass de déi Ënnerstëtzung kriss, déi's de wierklech brauchs – egal wou's de grad stees – fanne meng Sessiounen online iwwer Videokonferenz (Zoom) statt. Et ass mir wichteg, dass meng Offer fir jiddereen accessibel ass, onofhängeg vun denger kierperlecher oder gesondheetlecher Situatioun. Du kanns dech doheem an dengem gewinnten Ëmfeld bequeem ariichten an deng Sëtzpositioun esou upassen, wéi's de dech wuel fills.
Och wann Online-Coaching dir am Ufank vläicht e bësse friem oder ongewéinlech virkënnt: Aus menger eegener Erfarung kann ech soen – et ass iwwerraschend effektiv. Fir mech war et e wichtege Schrëtt, mech selwer ënnerstëtzen ze loossen op eng Aart, déi mech net nach méi u meng Grenze bruecht huet, mee mech entlaascht an ënnerstëtzt huet. Sech net musse selwer ze deplacéieren, ka ganz wäertvoll an eng grouss Entlaaschtung sinn.
Käschten:
1:1 Coaching (60 Minutten): 100 € (inklusiv Vir- an Nobereedung)
Fir déi laangfristeg Begleedung maachen ech der eng individuell Offer, ugepasst un deng Besoinen.
Wichtege Bemierkung: Meng Begleedungen ersetze keen Dokter, Psychiater oder Therapeut.